Serge Tonnar a Legotrip – Am Wëlle Westen

Cette fois-ci, ils nous accueillent au manège du château de Colpach. Un lieu insolite qui se prête très bien au spectacle du Far West !

Bon diner suivi du concert avec Legotrip et Zap Zoo, le tout dans une ambiance Hiiyyaaaa !

De Serge Tonnar & Legotrip spillen unplugged am Päerdsmanège beim Schlass vum Roude Kräiz zu Kolpech, am wëlle Westen also, ier se sech zeréckzéien fir un engem neien Album ze schaffen, deen Ufank 2017 erauskënnt. De Manège am Park vum Schlass ass en historescht Gebei, ganz aus Holz, mat engem impressionnante Gespär, wat den Emile Mayrisch fir seng Duechter opriichte gelooss huet. Bannendran steet nach den Dekor vun engem Film, e populären Theater vum Ufank vum 20. Joerhonnert, an deem eis Jongen hiren akusteschen Zodi opféiere wäerten. Als weider Iwwerraschung stinn Lidder vun ZAP ZOO um Programm, dem Serge senger Band viru Legotrip, Songwriting an englescher Sprooch, fir déi de Gittarist a Sänger Marc « Coco » Faber mat op d’Bühn klëmmt. Hannert de Kachdëppen steet den Fabrizio Annicchiarico deen 2 Platen ganz wéi am wëlle Westen proposéiert (fabelicious.lu). Et weess een net op den « esprit de Colpach », wéi déi intellektuell Atmosphär ronderëm d’Mayrisch Famill am Ufank vum 20. Joerhonnert genannt gëtt, hei nees operstoe wäert, oder vun alle gudde Geeschter verlooss gëtt.


Serge Tonnar a Legotrip – Wann d’Kanner si…


Serge Tonnar a Legotrip – Belsch Plage…

Laisser un commentaire